Schaler

Konzept

D’Iddien fir déi eenzel Muster entstinn duerch d’Verwandlung vun alldäglechen Inspiratiounen an en elegant Design. Virun allem d’Natur, an all hirer Schéinheet, ass hei eng ganz essentiell Inspiratiounsquell. Den Ursprong vum Design, läit an den Zeechnungen oder och Fotoen vun dësen Andréck, an esou entsteet eng Symbios tëscht denen eenzelnen Impressiounen, de Choix u Farwen a natirlech dem Stoff. Déi realiséiert Muster sollen een inspiréiren, an eng gewëssen Fantasie an eisen Liewensstyl mat afléissen loossen, fir eise Geescht ze erfrëschen. All Kollektioun gëtt an enger streng limitéierter Oplag digital op verschidden natirlech Stëffter gedréckt, wéi zum Beispill, Seid oder Cashmere, awer och op hallef-natirlech Stëffter, wéi Modal, gemëscht mat Seid oder Cashmere.