moien
Ech hu mäin Diplom a Mouddesign 2010 zu Tréier op der Fachhochschule ofgeschloss. A menger Diplomarbecht hunn ech och deemols schon mat bedréckte Stëffter geschafft, fir esou Owes- a Cocktailkleeder ze designen. Dëst huet mech dozou inspiréiert fir mäin eegent Moudlabel BySiebenaler ze grënnen. Hei probéiren ech ëmmer déi kënschtlerech Elementer aus Zeechnungen a Molereien, wéi och Fotoen, mat Stëffter ze kombinéiren. Esou versichen ech, fir Konscht an Impressiounen op Kleeder ze bréngen.
Ech sinn eng lëtzebuerger Kënschtlerin, Designerin an Néiësch, opgewuess an der “klenger Lëtzebuerger Schwäitz”. Déi néideg Experienz duerft ech während Stagen oder Arbecht an Däitschland (Memode), Paräis (Costantino&Ravaillac), Australien (Erasmus) a Süd Korea (Ji Haye for Yumi Katsura) machen, wou ech als Modelistin, Stylistin an Néiësch geschafft hunn.
2012 hunn ech de Brevêt de maîtrise comme couturière gemach a meng éischt Kollektioun u Schaler erausbruet. Och déi éischt Owes- an Hochzäitskleeder sinn an dëser Zäit entstan, a niewebäi hunn ech als Freelance fir divers Firmen geschafft. 2015 ass meng éischt Kollektioun un bedréckten Owes- an Hochzäitskleeder entstan, mam Schwéierpunkt, dat een dëss Kleeder och no dem groussen Dag nach kann undoen.
All Kleed soll d’Perséinlechkeet vun der Braut remginn, andems all eenzelnen Print individuell ugefärdegt gëtt. Esou erzielt all Kleed eng individuell Geschicht.
De Label “Made in Luxembourg”, den ech fir d’Owes-an Hochzäitskeeder, genee sou wéi fir d’Schaler hunn, steet fir d’Qualitéit a d’Zeréckgräifen op Lëtzebuerger Handwierk.
Kreativ Schrëtt
Den éischte Rendez-vous an d'Gespréich
Fir sech en Androck vun menger Arbecht ze machen, kënnt déi zukünfteg Braut als alleréischt bei
mech an den Atelier. Hei ka si sech inspiréiren loossen vun der ausgestalter Kollektioun, scho
färdeg realiséierte Prints oder Musteren oder et gëtt ganz individuell nei Iddien ausgeschafft.
Wat stells du dir fir?
Bei dësem éischte Gespréich, geet et drem e Gespiir ze kréien, wat genee d’Cliente sech virstellt.
En eventuelle Print kann aus verschiddenen Iddien entstoen, aus der Natur zum Beispill, a ka
gemolt ginn oder eben och fotograféiert. Dëst erméiglecht et ganz individuell ze schaffen an en
eenzegartegt Kleed ze kreéiren.
D’Zäit fir ze probéieren
Doropshin gëtt dann e Kleed entwéckelt, ganz op Mooss vun der Braut. 3-5 Umoossen si néideg,
fir dat d’Kleed perfekt passt. Während dëser ganzer Entwécklungsphase, kann den Design ëmmer
rem optimiséiert ginn, ganz no de Wënsch vun der Braut. Esou gëtt d’Braut an dësem Prozess
komplett mat agebonn a garantéiert, dat d’Kleed perfekt de Virstellungen entsprëcht.
D’Kleed ass geschwënn fäerdeg...
Fir sech kënnen ganz op dëse Projet anzeloossen, ass et gutt wann een 6 Méint arechent.
Natirlech ass d’Dauer och ofhängeg vun der Komplexitéit vum Design.
Wei vill kascht et?
Präisser sinn ëmmer ganz ofhängeg vum Stoff, eventueller Spëtzt oder Prints a natirlech och den
Design. Präisser kënnen esou bäi 1200€ ufänken, woubäi no uewen keng Grenzen gesat sinn.
Materialien aus Europa
All Arbechtsschrëtt ginn hei am Atelier zu Lëtzebuerg realiséiert, den digitalen Drock op de Stoff
gëtt an England gemach an d’Stëffter kommen aus Frankreich, Italien oder England.